Design & Fonktioun

Wëllkomm bei der Firma "de Glaser", ee Meeschterbetrib dee mat Passioun är Iddien a Projete ronderëm d'Glas an d'Realitéit ëmsetzt. Dëst vum traditionelle Glaserhandwierk bis hin zum moderne Glasbau. Loosst Iech op de folgende Säite vun dem wäertvolle Wierkstoff Glas inspiréieren.

Wëllkomm beim Glaser

Innovativ Iddien
& stylesch Designs

D’Firma „de Glaser“ ass eng jonk an dynamesch Glaserei, déi vill Wäert op Qualitéit souwéi Individualitéit bei der Berodung an der spéiderer Ëmsetzung vun de Projete leet. Sie wëll hire Clienten den transparente Wierkstoff Glas an all senge Formen a Facette méi no bréngen a mat hinnen zesumme flott Objete realiséieren.

+ 0 +

Joer Erfarung

+ 0 +

Projeten

Wëllkomm beim Glaser

Innovativ Iddien
& stylesch Designs

D’Firma „de Glaser“ ass eng jonk an dynamesch Glaserei, déi vill Wäert op Qualitéit souwéi Individualitéit bei der Berodung an der spéiderer Ëmsetzung vun de Projete leet. Sie wëll hire Clienten den transparente Wierkstoff Glas an all senge Formen a Facette méi no bréngen a mat hinnen zesumme flott Objete realiséieren.

+ 0 +

Joer Erfarung

+ 0 +

Projeten

Dekorativ Glieser

Individuell ugefäerdegt Spigelen a faarweg Glieser déi mëttels diversen Technike veredelt kënne ginn. Dës Technike kënne Sandstralen, Ätzen, Laseren an och d'Opdroe vun Dekorfolië sinn. Donieft gëtt och nach déi traditionell Bläiverglasung ugebueden.

Ganzglasduschen

D'Ufäerdegung vun enger Ganzglasdusch gëtt erméiglecht duerch eng passgenau Opmooss an individuell Planung am Viraus. Donieft gëtt et och interessant Standardléisungen. Zum Sortiment gehéieren Duschtrennwänn, Duschkabinnen, behënnertegerecht Kabinnen a Saunafronten. Hei kënne souwuel faarflech an dekorativ Akzenter beim Glas wéi och bei de Beschléi gesat ginn.

Ganzglasdieren

Vun der klassescher Glasdier iwwert Pendeldiere bis hin zu Schibedieren aus Glas kënnen dës Dieren a ville Beräicher fir duerchliichte Raim suergen. Donieft kënnen och gliesen Trennwänn fir de privaten a kommerzielle Beräich realiséiert ginn.

Ofstuerzsécherung

Ёnner dëse Beräich falen all Zorte vun ofstuerzséchernd Verglasungen, wéi Ganzglasgelänner, raumhéich Trennwänn an och begehbar Glieser, sougenannt "Dalle de sol".

Konstruktive Glasbau

An dëser Rubrik sinn individuell ugefäerdegt Objeten aus Glas unzetreffen. Et gi gliesen Tabletten a Gadgete souwéi Sideboards an UV-verkliefte Ganzglasvitrinne gewisen. Dës Objete kennen an allen erdenkleche Formen a Gréisste geplangt a realiséiert ginn.

Reparaturservice

Sollt emol ee Glas briechen, räissen oder verkrazen, kann dëst oft mat wéineg Opwand ersat ginn. Dëst ass oft méi gënschteg wéi gläich alles komplett nei ze maachen. Donieft léisst sech mat dem richtegen Entretien vun deene Beschléi ronderëm d'Glas, deenen hir Liewenserwaardung ëm etlech Jore verlängeren.

Portfolio

Ons Referenzen

Entdeckt ons verschidde Referenze vu Standard Glasdieren iwwert komplett Erneierunge bis zu 100% personaliséiert Realisatiounen.

Är Ufroen

Schéckt ons är Ufroen an Iddie fir eng professionell Berodung.

 

Kontakt




    DESIGN BY MAZE COPYRIGHT DE GLASER 2022